Jo. Mir bidde professionell Sound- a Liichttechnik fir Eventer vun all Gréisst un. Op Wonsch kënnt Dir och eis Fotobox dobäi buchen, fir Är Gäscht mat flotte Souvenirsfotoen ze begeeschteren.
Natierlech! Virum Event schwätze mir zesummen iwwer Är Liblingsmusek, speziell Lidder an och Musek, déi net gespillt soll ginn. Eis Missioun ass et, Är Feier genee no Äre Wënsch ze gestalten.
Mir recommandéieren Iech, esou fréi wéi méiglech ze reservéieren, besonnesch fir Hochzäiten an Datumer an der Haaptsaison. Verschidden Datumer si scho Méint am Viraus ausgebucht.
De Präis hänkt vun der Dauer vum Event, der Plaz an der gewënschter Technik of. Mir erstellen Iech gären eng individuell an onverbindlech Offer.
Mir spille bei Eventer a ganz Lëtzebuerg souwéi an de Nopeschlänner Belsch, Däitschland a Frankräich.
Egal ob Charts, House, Dance, Pop, Rock, 80er, 90er, 2000er, Schlager oder Party-Hits – mir passen d'Musek ëmmer un de Publikum an d'Stëmmung vun Ärem Event un.
Lausboys ass een 2018 gestartete gemeinsame Projet vun zwee Kollegen déi allméiglech Soiréeën animéieren. Och wann de Projet Lausboys relativ rezent ass, blécken déi zwee op eng laangjäreg DJ Erfarung zréck. Schonn vu klengem un waren den DJ Roc & DJ Why Not vun der Musik faszinéiert an no an no ass d'Begeschterung fir Musik ëmmer méi grouss ginn. Viru gutt 10 Joer gouf dunn a professionellt Equipment an CDen investéiert. No an no sinn niewent Gebuerstdagspartyen och verschidde Bars & Baler dobäi komm wou si regelméisseg opgeluegt hunn, wéi zum Beispill Rives de Clausen, Al Seeërei, Am Daul, Kotton Club, Epic, Café du Gymnase, Urban Belval etc. Wärend hire Soiréeën sichen d’Lausboys ëmmer déi passend Lidder aus hirem grousse Repertoire deen allméiglech Genres ofdeckt fir sech dem Publikum z’adaptéieren a sou fir ee gelongenen Owend ze suergen bei dem all Mënsch op seng Käschte kënnt.